top of page
DUDELANGE_2-01.png
DUDELANGE_2-01.png
20200622 JHD nouvelle terrasse LR 8.JPG
DUDELANGE_2-01.png

JUGENDHAUS / OUTREACH DIDDELENG
MAISON DES JEUNES / OUTREACH DUDELANGE

[LU]  D'Jugendhaus / Outreach Diddeleng ass een Treffpunkt fir Jugendlecher am Alter vun 12 bis 29 Joer, déi ënnerschiddlech Interessien hunn. Et bitt deene Jonken eng sécher Plaz, wou si d’Méiglechkeet hunn Erfarungen ze sammelen an un Aktivitéiten deelzehuelen. Si kënnen awer och nei Relatiounen zu Gläichalteregen opzebauen an hiert soziaalt Ëmfeld stäerken. Dat alles geschitt op fräiwëlleger Basis an ass net op Kompetenze bezunn.

D'Jugendhaus läit zentral an Diddeleng an huet doduerch déi optimal Lag fir einfach a séier erreechbar ze sinn.

Op deenen dréi Stäck ginn et ënnerschiddlech Raimlechkeeten, déi deene Jonken eng ganz Rei Beschäftegungsméiglechkeete bidden. Sou z. B. ee Billardsdësch, Gesellschaftsspiller, ee Kicker, Spillkonsolen mat Videospiller esou wéi och eng Abberzuel u Sëtzgeleeënheeten an eng Kichen, déi vun jidderengem ka genotzt ginn.

 

Am Gebai gëtt et och eng Garage, déi vun deene Jonke ka genotzt ginn. Ausserdeem huet Jugendhaus een "Infolabel". Et handelt sech ëm een Informatiounsraum an dem sech déi Jonk zu ënnerschiddlechen Themae kënnen informéieren, ewéi zum Beispill iwwert den Drogekonsum, Sucht, Gewalt an den Aarbechtsmarché. D'Mataarbechter vum Jugendhaus hunn eng spezifesch Formatioun an dem Beräich gemaach a stinn deene Jonken bei Froen zur Verfügung.

Um drëtte Stack vum Jugendhaus sinn d’Büroe vun den Educateuren ënnerbruecht, esou wéi och ee Studio, an dem déi Jonk hir eege Musek a Lidder kënnen ophuelen.

[FR] La Maison des jeunes / Outreach Dudelange est un point de rencontre pour les jeunes de 12 à 29 ans. Elle offre aux jeunes un lieu sûr où ils peuvent acquérir des compétences et participer à différentes activités. Ils peuvent y créer des liens avec des jeunes de leur âge et renforcer leur environnement social. L’offre de la maison des jeunes s’appuie sur une base volontaire et indépendante des compétences des jeunes qui la fréquente. La maison des jeunes de Dudelange se situe en plein cœur de la ville, elle est donc très facilement accessible.

Le « Jugendhaus /Outreach Diddeleng » est une maison individuelle de trois étages qui offre aux jeunes une grande diversité d’activités : table de billard, jeux de société, baby-foot, consoles de jeux avec jeux vidéo, coins de repos, et même une cuisine que chacun peut utiliser, tout comme le garage.

En outre, la maison dispose d’un espace, le « Jugendinfo » (Jugendlabel ??), où les jeunes peuvent obtenir des informations sur une grande variété de sujets, comme par ex. la consommation de drogues, la toxicomanie, la violence ou encore le marché du travail. Le personnel de la maison des jeunes a suivi une formation spécifique qui leur permet d’accompagner les jeunes dans leur questionnement.

Au troisième étage se trouvent les bureaux des éducateurs ainsi qu’un studio qui permet aux jeunes d’enregistrer leur propre musique et leurs chansons.

bottom of page